top of page


FAQ
Frequently asked questions
ASTRONAUT FIR EEN DAG
PARABELFLUCH
„Astronaut*in fir een Dag“ ass eng Initiativ vun der Luxembourg Space Agency a riicht sech un all déi jonk Leit di op manst 13 Joer al an am Secondaire zu Lëtzebuerg sinn, an déi sech fir de Sujet Weltraum interesséieren.
Am Beräich vun der Educatioun ass et eng vun de Missioune vun der Luxembourg Space Agency, fir déi jonk Leit ze motivéieren sech un der Wëssenschaft (Ingenieurswiesen oder Fuerschung zum Beispill) ze interesséieren an hinnen dëse Beräich méi no ze bréngen, andeems Initiative wéi dës oder aner Projeten, déi an Zesummenaarbecht mat der LSA hire Partnerentitéiten (ESERO, Universitéit, Lux Tech School etc.) organiséiert ginn. Bei dësen Evenementer hunn déi Jonk d’Méiglechkeet erauszefannen, wéi eng Opportunitéiten de Weltraum bereet hält.
Hei ass et ausserdeem wichteg ze betounen, datt dës Initiativ och fir Student*innen am Beräich Wëssenschaft an Technologie zougänglech ass.
bottom of page