top of page
background-header-02.jpg

REEGELEN

CONCOURS

Astronaut*in fir een Dag – Lëtzebuerg

1. ALEEDUNG

1.1. De Concours „Astronaut*in fir een Dag – Lëtzebuerg“ gëtt vun der Luxembourg Space Agency organiséiert an huet sech als Zil gesat, deene jonke Leit de Weltraumsecteur méi no ze bréngen andeems si un engem Vol mam Fliger an der Schweerelosegkeet participéieren.

1.2. Dëst Reglement setzt déi allgemeng an technesch Konditioune fest, déi d’Kandidat*innen am Kader vun hirer Participatioun um Concours „Astronaut*in fir een Dag“ respektéiere mussen.


1.3. D’Finalist*inne vum Concours kréien d’Méiglechkeet, un engem Parabelfluch deelzehuelen, dee vun der Luxembourg Space Agency offréiert gëtt an den 28. September 2023 stattfënnt. De Parabelfluch gëtt vun, an ënner der Responsabilitéit, vun der Firma Novespace duerchgefouert.


1.4. Wärend dem Schouljoer 2023/24 sinn d’Finalist*innen an hirer Schoulgemeinschaft  Ambassadeur*rice vun dëser Initiativ. Si erkläre sech bereet, fir aneren vun hiren Erfarungen ze erzielen an ze beriichten fir esou dozou bäizedroen, dat méi Leit sech fir de Weltraum interesséieren.


2. ZOULOOSSUNG

2.1. All Schüler*innen, déi zu Lëtzebuerg an d’Schoul ginn an déi follgend Konditiounen erfëllen, si berechtegt un dësem Concours deelzehuelen:

• Si mussen den Dag vum Vol op manst 13 Joer al sinn.

an;

• an de Schouljore 2022/2023 an 2023/2024 an enger ëffentlecher oder privater Schoul am Secondaire ageschriwwe sinn, oder de Beweis erbréngen , datt si de Secondaire am Homeschooling maachen. Wärend dem Selektiounsprozess kann et och sinn, datt ee Certificat de Scolarité gefrot gëtt.

2.2. Och Persoune mat enger Behënnerung kënnen um Concours participéieren. Dës Kandidatur ënnerläit der Konditioun, datt hir*en Dokter*esch ee favorabele medezinesche Rapport ausstellt, nodeems hie/si sech mat der vun Novespace ageriichter Medezinescher „Parabelfluch“-Kommissioun ausgetosch huet, déi a leschter Instanz iwwer d‘Participatioun vun déer Persoun décidéiert.

3. SELEKTIOUN VUN DE KANDIDAT*INNEN

3.1. D’Kandidat*innen ënnerleien engem Selektiounsprozess mat verschidden Eliminatiounsphasen, dee sech un de Selektiounsprozesser vu professionellen Astronaut*innen orientéiert .


3.2. Am Fall vun der Participatioun vu Kandidat*inne mat enger Behënnerung, ass ee favorabele Bericht vun engem*r Dokter*esch eng Viraussetzung. Dës Leit wäerten engem ugepasste Selektiounsprozess ënnerleien, deen hire spezifesche Besoine Rechnung dréit.


3.2. Am Fall vun der Participatioun vu Kandidat*inne mat enger Behënnerung, ass ee favorabele Bericht vun engem*r Dokter*esch eng Viraussetzung. Dës Leit wäerten engem ugepasste Selektiounsprozess ënnerleien, deen hire spezifesche Fall berücksichtegt.

3.3. Dëst sinn déi verschidden Etappe vum Selektiounsprozess:

- 1. Etapp: Kandidatur a Motivatioun

- 2. Etapp: Logik- a Verständnistester

- 3. Etapp: Kierperlech Fitness

- 4. Etapp: Interview

- 5. Etapp: Lescht Etapp

3.4. D’Selektioun vun der Jury ënnerläit eleng der Verantwortung vun der Luxembourg Space Agency.

3.5. D’Selektioun vun de Finalist*innen ënnerläit eleng der Verantwortung vun der Jury.

3.6. An der éischter Etapp an am Interview gëtt d’Selektioun vun de Kandidat*innen op Basis vun hirer Motivatioun an hiren Iddien am Kader vun hirem Mandat als Ambassadeur*rice vum Concours „Astronaut*in fir een Dag“ gemaach. An den Etappen 2 an 3 baséiert d’Selektioun vun de Kandidat*innen op der Evaluatioun vun de Partnerentitéite vun all Etapp. D’Aktivitéiten, déi an dësem Kader duerchgefouert ginn, ginn an den Annexen I respektiv II presentéiert.

3.7. D’Resultater vun all Etapp vum Selektiounsprozess ginn op déi E-Mailadress geschéckt, déi bei der Kandidatur fir d’Initiativ kommunizéiert gouf. Dës Resultater ginn un, ob de/d’ Kandidat*in an déi nächst Etapp vum Prozess weiderkënnt. Déi definitiv Lëscht vun de Kandidat*innen, déi um Parabelfluch deelhuelen, gëtt an alphabetescher Reiefolleg op der Website vun der Initiativ publizéiert. Hei fënnt een déi Kandidat*innen, déi ausgewielt goufen an och déi, déi op der Waardelëscht stinn.


3.8. Dës sinn déi verschidden Etappe vum Selektiounsprozess:

3.8.1. 1. Etapp – Kandidatur a Motivatioun

D’Aschreiwung an d’Areeche vun de Kandidature kënnen ausschliisslech iwwer d’Website www.astronautforaday.lu gemaach ginn.

An dëser Etapp gi follgend Dokumenter gefrot:

i. Umeldungsformulaire

ii. CV

iii. Presentatiounsvideo


● Umeldungsformulaire:

Am Umeldungsformulaire musse follgend Informatiounen ausgefëllt ginn:

a.  Virnumm

b.  Numm

c.  Gebuertsdatum

d.  Geschlecht

e.      Nationalitéit

f.       E-Mailadress

g.      Telefonsnummer

h.      Land

i.       Stad

j.       Postleitzuel

k.      Sprooch

l.       Alter um Dag vum Parabelfluch

m.    Numm vun der Schoul

n.      Schouljoer vum/vun der Kandidat*in am Joer 2022/2023

o.      Autorisatiounsformulaire fir d’Participatioun um Evenement inklusiv all d’Informatiounen, déi am Dokument gefrot ginn (Annex IV)

p.      Sprooch an där de Motivatiounsvideo opgeholl ass


● Presentatiounsvideo:

De Presentatiounsvideo däerf maximal 60 Sekonnen daueren. All Kandidat*in, deen/déi d’Selektiounskonditioune vum Concours erfëllt, kritt ee Link geschéckt, fir iwwer eng speziell Plattform e Video opzehuelen an ofzespäicheren. Nodeems de/d’Kandidat*in de Link kritt huet, huet hien/hatt 7 Deeg Zäit, fir de Video opzehuelen. Jiddereen huet 3 Versich  a kann duerno entscheeden, wat fir eng Versioun vum Video eropgeluede gëtt.

D’Zil vun dësem Video ass et, d’Motivatioun vum/vun der Kandidat*in fir d’Participatioun un dëser Initiativ ze beleeën. De Video gëtt op Basis vu follgende Krittären evaluéiert:


-        Capacitéit fir eng Synthees ze maan;  

-        Liichtegkeet, virun der Kamera ze schwätzen a seng Iddien ze artikuléieren;

-        Fäegkeet seng Motivatioun fir d’Initiativ an fir d’Aktivitéiten als Ambassadeur*rice ze beschreiwen;

-        Kloerheet vun den Iddien a vun de proposéierten Aktivitéiten;

-        Kreativitéit bei der Realisatioun vum Video.


D’Luxembourg Space Agency wäert eleng oder mat engem Partner deen nach ze bestëmme bleift , d’Videoen evaluéieren a bis zu 250 Schüler*inne fir déi 2. Etapp sélektionéieren.


3.8.2. 2. Etapp – Logik- a Verständnistester;

Eng komplett Beschreiwung vun der 2. Etapp fannt der an der Annex I vun de Reglementer, vun deene se en integralen Bestanddeel ass.

Fir déi drëtt Etapp vum Selektiounsprozess gi bis zu 125 Schüler*innen selektionéiert.


3.8.3. 3. Etapp – Kierperlech Fitness;

Eng komplett Beschreiwung vun der 3. Etapp fannt der an der Annex II vun de Reglementer, vun deene se en integralen Bestanddeel ass.

Fir déi véiert Etapp vum Selektiounsprozess gi bis zu 60 Schüler*innen ausgewielt.


3.8.4. 4. Etapp – Interview;

D’Kandidat*inne ginn op en Interview invitéiert, deen tëschent 10 an 30 Minutten dauert a via Videokonferenz (online) a Presenz vun enger Jury stattfënnt. D’Zesummesetzung vun där Jury gëtt spéider annoncéiert.

Nom Interview établéiert d’Jury eng Lëscht vu Kandidat*innen, vun deenen déi éischt 25 an déi lescht Ronn kommen. D’Kandidat*inne 26 bis 35, déi net fir déi lescht Ronn selektionéiert goufen, kommen op eng Waardelëscht.


3.8.5. 5. Etapp – Lescht Etapp

Déi lescht Etapp entsprécht der Participatioun vun de Kandidati*innen um Parabelfluch, virausgesat datt si all déi noutwendeg Konditiounen erfëllen. Déi aner Kandidat*innen hunn d’Méiglechkeet, op enger Waardelëscht ageschriwwen ze ginn. Si participéieren um Vol wann ee/eng vun de 25 ausgewielte Finalist*innen net kann mat maan.

Déi selektionéiert Schüler*inne mussen eng Rei medezinesch Untersuchunge maan. Dës gi vun Novespace, déi fir de Fluch verantwortlech sinn, virgeschriwwen, fir erauszefannen, ob de/d’Kandidat*in an der Lag ass, um Fluch deelzehuelen. Dës medezinesch Ënnersichunge ginn op där Plaz duerchgefouert, déi vun den Organisateur*inne kommunizéiert gëtt. D’Annex III zielt all d’medezinesch Konditiounen op, déi mussen erfëllt sinn, souwéi all déi erfuerderlech medezinesch Untersuchungen inklusiv de Formulaire, dee vum/vun der zoustännegen*er Dokter*esch muss ausgefëllt ginn.

Déi definitiv Autorisatioun an d’Erlabnis, fir beim Vol mat ze maan, ënnerleien der Verantwortung vun Novespace.

Fir um Parabelfluch am Kader vum Concours „Astronaut*in fir een Dag“ deelzehuelen, mussen déi ausgewielte Schüler*innen och un deenen Aktivitéiten deelhuelen, déi d’Organisatioun an den Deeg virum Vol organiséiert.


4. OFSCHLOSSBESTËMMUNGEN

4.1.1. Mannerjäreg Schüler*inne musse bei der Umeldung fir de Concours eng schrëftlech Autorisatioun vun den Elteren oder engem*r gesetzleche*r Vertrieder*in ofginn, entspriechend dem dem Beispill-Dokument an der Annex IV.

Mannerjäreg Schüler*innen, déi fir déi 2. Etapp ausgewielt ginn, mussen déi schrëftlech Autorisatioun, entspriechend dem Beispill-Dokument an der Annexe IV, mat der Ënnerschrëft vun den Elteren oder engem*r gesetzleche*r Vertrieder*in an enger Copie vun der jeeweileger Carte d’identité ofginn. Dës Autorisatioun mat de gefroten Dokumenter muss op mannst 2 Deeg virum Datum vun de Logik- a Verständnistester erageschéckt ginn. Wann dat net de Fall ass, gëtt de/d’Kandidat*in vum Evaluatiounsprozess ausgeschloss.


4.1.2. Am Fall vu falschen Deklaratioune gëtt de/d’ Kandidat*in direkt ausgeschloss, onofhängeg dovun, a wat fir enger Etapp vum Evaluatiounsprozess hien/hatt sech deen Ament, wou dës Deklaratiounen entdeckt ginn, befënnt.

4.1.3. All d’Käschte vun den Trajeten, fir op déi Plazen ze fueren, wou déi physesch Tester stattfannen, falen ënner d’Verantwortung vun de Kandidat*innen. D’Organisateur*inne si verantwortlech fir d’Käschte vum Iessen (Mëttegiessen asw.), d’Astelle vun den Traineren an d’Locatioun vun eventuelle Raimlechkeeten di benotzt ginn. Wärend dem Fluch iwwerhuelen d’Organisateur*innen de gesamten Transport vun de Kandidat*innen tëscht dem Startpunkt, dee spéider matgedeelt gëtt, an dem Fluchraum, souwéi d’Iessen an de Logement.

5. KALENNER

Dëse Kalenner presentéiert déi geschaten Datumer, déi ouni Preavis ännere kënnen; déi präzis Datumer vun all Etapp ginn de Kandidat*inne kommunizéiert an op follgender Website publizéiert: www.astronautforaday.lu


6. ANNEXEN

Lued d'Annexen ënner folgendem Link erof:

bottom of page